Erënnerungen….. (1948-1965)

ERËNNERUNGEN….. Den F.C. Blo-Wäiss Miedernach 1948-1965

Wann een eng Jubileumsukënnegung liest vun engem Veräin, mat diem ee fréier selwer ze don hat, da kommen automatisch, ob ee wëllt oder net, d’Erënnerungen un déi Zäit.

Ech wees nach gutt, wéi di Miedernacher Futtballisten hiren 1. Mätsch géngt Bastendrëf gespillt hun. Diemols ware relativ vil Lett do, déi nogekuckt hun, an d’Stëmmung war och diemno. Déi ielef Jongen, déi fir den F.C. Blo-Wäiss ugetratt sën, waren déi grouss Helden fir iis jonk Borschten, zemol déi, di d’Goler geschoss hun: Klautjes Hein (Steies), Husse Rosch an Thill’s Charel. De Breyesch Frinn hun ech nach ëmmer virun An dien, e Schnappisch em de Kapp gestréckt, déi strammste Schëss mat der Stir ofgewiert huet datt et geknätscht huet, a seng Komeroden ëmmer rem duerch säin « Allez, Asaatz Jongen! » ugedriwen, a bis di lest Minutt gekämpft huet wi e Léiw.

Zwee Erliefnësser aus der éischter Zäit hun ech apart gutt verhal: Den Henrion’s Jäng schéisst dem Arbiter, em 2m groussen, schlaaksige Kärel de naassen, schwéiere Ball widder de Schlof, de gudde Mann schwänkt eemol no lénks a no riets, geet an d’Gätten, an as duerno k.o. um Buedem leie bliwen. No en etlich Minutten kënnt hien awer zou sich a kann nees viru päifen.

An der 2. Equipe war e Miedernacher Jong esou ferm mat engem frieme Spiller zesumme geknuppt, datt d’Loft em ausgaang as, an d’Spill huet missen ënnerbrach gin! Säi Papp, dien hannert der Cloture nogekuckt huet, as eenzock op den Terrain gelaf, guf vum Arbiter awer rofgedämpt, a krut gesot, hien hätt näischt um Spillfeld verluer. « Wat as? » sot de Papp « ma ech hale wuel jo, dat as mäi Jong! » Zwin Offizieller hun en awer du mat frëndlecher Gewalt nees hannert d’Cloture gefouert. Hien as duerno ni méi de Futtball kucke gaang!

Dëse klengen Intermezzo ënnersträicht e bëssen d’Suerg an d’Mentalitéit, an de Graul vu villen Elteren am Ufank géngt de Futtball, dien an hieren An jo en haarden an geféierleche Sport war! Di meest Jongen së bluttnéideg doheem am Betrib gebraucht gin, an di aner hu missen op d’Schaff goen. Dat war och vläicht d’Ursaach, datt an den éischte Jaren no der Grënnung d’Equipe sich vu Saison zu Saison ëmmer bal ëm d’Halschent verännert huet! ‘T’war awer och sou, datt lues an lues Jongen an de Veräin komm sën, déi well eng kleng Ahnung vum Futtballspillen haten. Si haten an der Primärschull, bäi de Schullmeesteren Flammang an Daman, an de Pausen an an de Sportstonnen, um Pavee tëschend de Maueren vum Kirfecht an dem ale Pastoueschhaus well villes bäibruecht kritt, wat hinnen ouni Zweifel um Terrain zegutt komm as. ‘T as unzehuelen, datt dat bäi der Halschent vun der alleréischter Miedernacher Equipe net de Fall war.

Ech selwer sën fir d’Saison 1954/55 an d’éischt Equipe komm, no nëmmen 2 Mätscher an der 2. Equipe. Sou séier hat een diemols eng Stammplaz bäi diene « Groussen ». En Zeechen, datt keng grouss Auswiel do war! Dräi Spiller aus der alleréischter Equipe vum F.C. Blo-Wäiss Miedernach waren du nach derbäi, de Scheier Ed, den Husse Rosch an den Thill’s Charel. De Breyesch Frinn war bäi d’Arbitere gaang, all di aner hu scho net méi gespillt a waren duerch neier ersat gin.

Dat war awer um neien Terrain, op diem schon eng Saison gespillt gi war. E war wuel méi grouss wi dien éischten bäi der Dikricher Strooss, ma soss awer net besser! De Numm « Am Weiher » seet genuch! An enger naasser Period stunge wiirklich Weieren drop an de Bulli as engem dacks zu de Schong eragelaf. Duerzou kum nach, datt de Bauer, dien d’Wiss am Genoss hat, drop gehalen huet, seng Kéi virun drop weeden ze loossen. D’Kéifläpp goufen zwar eng Stonn virun all Mätsch mat enger Schëpp op eng Schubkar gelueden an rausgefouert, ma e gudden Deel dervun as päsche bliwen, an doran hu mir is misse wänzelen. Apart am spidden Hierst, wann d’Kéi owes am Stall mat Rommelsblieder gefiddert gi sën, war dien aneren Dag d’Gras iwerall duerchzun mat diene wässrige « Spinatsträifen », a mir hun alleguer no engem Mätsch gestonk wi d’Béck!

Lo kënt ee jo soen, an den Duschen wir dat alles séier wech gewiest, mee Dusche ware fir eis keng do, an éisem Klublokal goufen et der just zwou! Di eng war reservéiert fir den Arbiter, di aner fir di friem Spiller. Mir hun iis missen heem wäsche gon. Auswäerts war et net besser. An den Dierfer ronderem an uechter d’ganzt Land stung meestens hannenaus am Haff vum Klublokal fir jiddereen en Eemer oder eng Biitche mat Waasser prett. Wann et gutt gaangen as, war am Keller e Wäschkomp wou ee sich konnt schruppen, ma dat war awer schon « Luxus ».

Duerno koum de Wanter. De Buedem um Terrain, virdrun opgewullt wi e geploutent Stéck, an dann schankenhaart gefruer. Eng Knupp an lauter, eng Kaul an lauter! Wann de Ball opgesprongen as, wosst ee ni wuer en higung. Datt een ënner dienen Emstänn net Hals a Bee gebrach huet, war wi e Wonner!

Wann e Mätsch dann riwer war, a mir soutzen all bäieneen bäim Patt, da waren awer all déi Mësslichkeeten vergeess, a mir hun iis rëm op dat nächst Spill gefreet. ‘T gët bäim Futtball jo net nëmmen negatives, ma och vill positives. Virun allem d’Freed um Spillen, d’Frëndschaft, d’Komerodschaft, an d’Hëllefsbereetschaft. Déi Zäit, vun däer ech schwätzen, huet dat ënner de Spiller vum Blo-Wäiss Miedernach och wonnerbar geklappt! Ech hu net vergeess, wéi gutt ech als jonge Knëff vun dienen anere Spiller, déi scho mi laang derbäi waren, an d’Equipe opgeholl gi sën! Ech zielen s’op:

– De Scheier Ed. Dien eelste vun hinnen, e rouigen, faire Spiller, die mat Verstand, vill Iwwersiicht a guddem Stellungsspill um Terrain agéiert huet.

– Den Husse Rosch, dien nom Fielser Beebroch, dat Jar virdrun, seng fréier Sprëtzegkeet an den Driw op de Gol zwr niméi rëmkritt huet, awer trotzdiem ëmmer ee vun diene besten an der Equipe bliwen as, dien seng Komeroden ronderem sech ëmmer intelligent an iwwerluecht agesat, dien als Kapitän um « qui-vive » war wi keen zweeten, dien d’Problemer mam Arbiter ëmmer spontan an zum Gudden vu senge Kollegen léise konnt, dien et awer och fäerdeg bruecht huet, d’Géigner mat hire Lett di nogekuckt hun, sou ze provozéieren, datt mir munchmol gefaart hun mir krijhen nom Mätsch den Doutstreech. Mee just dat war et wat dëm Interessi an dëm Eiergäiz an den Duerfverainer Opdriw ginn huet. Dat war di richteg Method fir d’Lett op d’Terrain’en ze lackelen.

– Den Thill’s Charel, hannen e sëchere Mann an am Ugrëff ëmmer geféierlech. De Charel war éise « Kappspezialist », huet Zenterhaf gespillt. Diemols as de W.M. System nach gespillt ginn!